Virum Europäesche Geriichtshaff"Pornhub" klot géint nei EU-Reegelen

RTL Lëtzebuerg
D'Onlineplattform, déi sech op Pornofilmer spezialiséiert huet, geet elo géint dat neit Gesetz fir digital Déngschter vir.

Déi nei EU-Virschrëften fir Betriber, déi am Digitale schaffen, suerge fir Sträit an dowéinst huet den Ubidder vu Sexfilmer elo och eng Plainte vum Europäesche Geriichtshaff agereecht. Pornhub weist sech net zefridde mam Digital Service Act. Well deemno mussen alleguerten d’Plattformen, egal aus wéi enger Branche se sinn, virun Duerstelle vu sexueller Gewalt a Falschinformatioune virgoen.

Pornhub no huet d’EU-Kommissioun d’Zuele vun hire User vill ze héich ugesat an dowéinst dierft dat neit Gesetz net fir Plattformen, déi Pornofilmer ubidden, gëllen. Weider si fir d’Plattform déi streng europäesch Virschrëften fir Reklammen am Internet “illegal”.

Entreprisen, déi sech net un d’Reegele vun der EU halen, kënne mat Strofen a Milliardenhéicht rechnen.

Back to Top
CIM LOGO