Am Fall Maddie McCannPortugisesch Police entschëllegt sech bei den Elteren

RTL Lëtzebuerg
Knapp 16 Joer nodeems dat klengt Madeleine McCann a Portugal verschwonnen ass, reest eng Delegatioun u portugiseschen Autoritéite vu Lissabon op London.
© AFP

D’Rees war Ufank des Joers an hat als eenzegen Notzen, dass d’Autoritéite sech beim Maddie sengen Elteren entschëllege kéinten. Esou heescht et an den Informatioune vu BBC Panorama.

Et géing hinne leed doen, wéi si deemools mam Verschwanne vun hirer Duechter ëmgaange sinn. Déi portugisesch Ermëttler géinge virun allem bedaueren, dass si dem Maddie seng Famill een Ament verdächtegt haten.

D’Police gëtt zou, dass een de Fäll vu vermësste Kanner net genuch Bedeitung ginn hätt. Et hätt een och net genuch Récksiicht op d’Eltere geholl, déi sech als Auslänner an enger hir friemer Ëmgéigend opgehalen hätten.

D’Ermëttler ënnerstëtzen déi däitsch Autoritéiten an hirem Verdacht géint de 46 Joer ale Christian B. Den däitsche Procureur Hans Christian Wolters begréisst d’Entschëllegung vu portugisescher Säit: “Dat ass e gutt Zeechen. Et weist, dass et a Portugal eng Entwécklung am Fall McCann gëtt.”

Back to Top
CIM LOGO