
D’Internetsäit “Getränke News” schéngt dann och d’Präisser schonn ze kennen. Radeberger wäert d’Präisser vum Radeberger Pilsener a vum Allgäuer ëm 34 Cent pro Kajot eropsetzen. Jever an Ur-Krostritzer klammen ëm 67 Cent pro Cageot. Dës Haussë gëlle vum 1. Januar un.
Ee Mount méi spéit erhéicht Warsteiner seng Präisser. Hei wäert de Cageot da 66 Cent méi kaschten, d’Béier vum Faass geet ëm 7,50 Euro pro Hektoliter erop.
Experte rechnen domadder, datt de Verbraucher awer méi déif an d’Täsch muss gräifen. Esou wäert de Cageot fir déi genannte Béierzorte wuel ëm ee bis annerhallwen Euro méi deier ginn. An der Gastronomie muss ee mat enger Hausse vu ronn 20 Cent pro Glas rechnen.