Staubsauger amplaz FlexPresuméierten Autoabroch erweist sech als Botzasaz

RTL Lëtzebuerg
An Hessen war d'Police en Donneschdegmoie geruff ginn, well zwee Leit op engem Parking fir Co-Voiturage mat enger Flex un engem Auto amgaange wieren.
© RossandHelen

Wéinst der Meldung vun engem Zeien hat d’Police direkt e puer Patrullen op d’Plaz geschéckt. Hei sollt sech awer erausstellen, datt déi presuméiert Abriecher just zwee Auto-Begeeschterter waren, déi hiren Auto gäre propper hunn. Déi presuméiert Flex war deemno en Industrie-Staubsauger, mat deem d’Mall gebotzt gouf an dee relativ haart war.

Am Auto hätt näischt op Gewalt oder kriminell Aktivitéiten higedeit. D’Beamten hätte just eng “extreem propper Mall” virfonnt.

Back to Top
CIM LOGO