Frankfurt um MainPresuméierten Drogendealer flitt wéinst Sex-Popp op

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg de Mëtteg haten Zeie sech bei der Frankfurter Police gemellt, fir matzedeelen, dass si d'Läich vun enger Fra gesinn hätten.
© LINO MIRGELER DPA dpa Picture-Alliance via AFP

D’Been vun der doudeger Fra géifen am Staddeel Unterliederbach an engem Gaart aus engem Baucontainer hänken an e Mann géif si mat Waasser aus enger Héichdrock-Maschinn ofsprëtzen.

Wéi d’Beamte vun der Police doropshin op d’Plaz gefuer sinn, hu si amplaz vun enger Fraeläich eng Sex-Popp fonnt. Ausserdeem hu si am Baucontainer iwwer 800 Gramm verschidden Drogen an eng Schosswaff mat Munitioun fonnt.

Géint de Besëtzer vun der Popp leeft elo eng Enquête wéinst Drogenhandel an engem Verstouss géint d’Waffegesetz.

Back to Top
CIM LOGO