Lues leiden op der Schaff"Quiet Cracking" kann eescht Suitten hunn

RTL Lëtzebuerg
An der Aarbechtswelt mécht den Ausdrock "Quiet Cracking" d'Ronn. Dobäi geet et net drëms, Aarbecht ze refuséieren oder ze sabotéieren.
© TT News Agency via AFP

Vill Entreprisë sinn nach amgaangen, sech mat de Suitte vum sougenannte “Quiet Quitting” ze beschäftegen. Bei deem Phenomen zéie Mataarbechter sech op e beruffleche Minimum zréck a maache just nach Déngscht no Virschrëft. Si grenze sech bewosst of. Beim “Quiet Cracking” geet et awer ëm dat stëllt Zerbrieche vun Ugestallten. Emotional, psychesch an dacks onbemierkt. No bausse wierke se engagéiert a belaaschtbar, ënnerlech bréckele se awer ënnert dem Drock, deen ëmmer méi grouss gëtt. E luesen Zesummebroch, deen am Aarbechtsalldag liicht iwwersi gëtt - mat eeschte Suitte fir Mënsch an Entreprise.

“Quiet Cracking” steet fir de schläichende psychesche Verfall. Dacks ausgeléist duerch Iwwerfuerderung, toxescht Aarbechtsklima oder emotional Erschëpfung weist de Phenomeen sech net opfälleg, mee lues, subtil a geféierlech onbemierkt. Am Géigesaz zum “Quiet Quitting” ass de “Cracking” en onfräiwëllege Prozess. Betraffener wëlle leeschten, kënnen awer net méi.

Déi typesch Unzeechen

Wie betraff ass, wierkt dacks nach present a schafft mat. Déi ënnerlech Belaaschtung wiisst awer deeglech. Heefeg Symptomer, déi dacks iwwersi ginn, oder souguer als Manktem u Motivatioun mëssverstane ginn:

  • Réckzuch aus Teamprozessen oder Meetingen
  • Zynismus, emotional Distanz, Gereiztheet
  • Unhalend Middegkeet, Schwächten an der Konzentratioun
  • Feelend Initiativ oder Kreativitéit
  • Heefegkeet vu Feeler
  • “Funktionéiere mussen” trotz Erschëpfung

Ursaachen

D’Grënn fir “Quiet Cracking” si villfälteg. Besonnesch heefeg genannt ginn:

  • Chronesch Iwwerlaaschtung: ze vill Aufgaben, ze wéineg Ressourcen
  • Toxesch Féierung: Micromanagement, Kontroll amplaz vu Vertrauen
  • Feelend Wäertschätzung: Keng Unerkennung fir den Asaz
  • Psychologesch Onsécherheet: Angscht viru Feeler oder Kënnegung
  • Isolatioun: Homeoffice ouni sozial Kontakter, keng Ënnerstëtzung

Wéi (re)agéieren)?

“Quiet Cracking” ass méi wéi e Phenomen an e Warnsignal fir Entreprisen. Wie gutt Leit hale wëllt, muss méi maachen, wéi senge Leit geplangt an iwwerflächlech Mercien ze ginn, geleeëntlech Bonussen ausbezuelen oder Yoga-Courssen unzebidden. Responsabeler sollten:

  • Gespréicher féieren: net iwwer Leeschtung, mee iwwer Belaaschtung
  • Fréi Warnzeechen erkennen: och bei Mataarbechter, déi als “staark” gëllen
  • Oppe Feeler-Kultur fërderen: ouni Angscht viru Konsequenzen
  • Grenze respektéieren: Iwwerstonnen dierfen net zur Normalitéit ginn
  • Mental Gesondheet beuechten: psychesch Belaaschtung ass keen Zeeche vu Schwächt

Wat maache wann ee betraff ass?

Wien d’Gefill huet, ënnerlech auszebrennen, obwuel een dach eigentlech “normal” funktionéiert, soll aktiv ginn. Och wann et Iwwerwannung kascht: d’Gespréich siche mat de Virgesetzten, éier et nach méi schlëmm gëtt. Ville Responsabelen ass dacks guer net bewosst, wéi vill hir Mataarbechter am Stëlle leiden. Soulaang näischt gesot gëtt, bleift villes onsiichtbar. Nëmme wie kloer kommunizéiert, kann op Ënnerstëtzung hoffen. Dofir brauch et Mutt, mee et kann den entscheedende Schratt sinn, deem schläichende Prozess bis hin zu engem endgültege Zesummebroch entgéint ze wierken. Well nëmme wie psychesch gesond bleift, kann och laangfristeg produktiv a motivéiert schaffen.

Back to Top
CIM LOGO