"Wëllkomm um Trump International Airport"Republikaner wëlle Fluchhafen zu Washington ëmbenennen

RTL Lëtzebuerg
Wien an Zukunft op Washington flitt, kéint vläicht um "Trump International Airport" landen. Jiddefalls wënsche sech dat Trump-Supporter am US-Kongress.
© AFP/Archiv/Daniel SLIM

En Dënschdeg hunn Deputéiert vum US-Kongress e Gesetzesprojet presentéiert, fir den “Dulles"-Fluchhafen zu Washington ëmzebenennen. Den Donald Trump wier de “beschte President vu menger Liewenszäit”, begrënnt de Republikaner Guy Reschenthaler d’Initiativ.

De gréissten internationale Fluchhafen an der US-Haaptstad ass bis ewell nom fréieren US-Ausseminister John Foster Dulles benannt. En aneren, méi klengen Airport zu Washington, huet den Numm vum fréiere President Ronald Reagan. Dem Reschenthaler géing et “kee bessert Symbol vun der Fräiheet, dem Wuelstand an der Stäerkt wéi d’Uso “Wëllkomm um Trump International Airport” ginn.

Datt de Fluchhafen zu Washington iergendwann wierklech nom Donald Trump benannt gëtt, ass aktuell éischter onwarscheinlech. Dem Changement missten nämlech net just d’Republikaner zoustëmmen, mä och de Senat, an deem d’Demokraten d’Majoritéit hunn.

Back to Top
CIM LOGO