An der éiweger Stad kéint ee sécherlech wochelaang ëmmer nees Neits entdecken, ma knapp 60 km baussent der Metropol ass en historesche Gaart, deen als Naturdenkmal gëllt. Dëse soll esou ausseruerdentlech beandrockend sinn, datt eng Rei Touristen deen Dag op Colosseum, Péitersdoum a Co. verzichten.
Den Giardino di Ninfa gëtt dacks “De schéinste Gaart vun der Welt” genannt. Sécher ass et ee vun de romanteschsten, dacks zitt en Touristen un, déi mol kuerz aus Roum eraus an d’Natur wëllen. Ma och hei ass een op historeschem Buedem, well déi 1.300 Zorte Blummen a Beem wuessen an engem ganz spezielle Mikroklima matten an de Ruinen vun enger mëttelalterlecher Stad, aus dem 12. Joerhonnert. Dës spezifesch Combine mécht de Charme vum 8 Hektar grousse Gaart esou eenzegaarteg. Ugeluecht gouf de bis haut erhalene Renaissance-Gaart am 16 Joerhonnert vun engem Kardinol.
Am Reportage ginn et Detailer zu dëser legendärer grénger Oase bei Roum: (...) Hei gi Libeserklärunge gemaach an et ass scho méi wéi een hei gefrot ginn fir sech ze bestueden. Och bekannt Perséinlechkeeten. Aus Diskretioun kann ech net verrode wien.
Massimo Amodio – President Fondation Roffredo Caetani