
Aktuell mécht nees esou e Video den Tour. An dësem heescht et, dass all Besëtzer vun engem iPhone d’Chance hätt, fir eng Millioun Dollar ze gewannen. Dofir misst ee just eng App eroflueden. Bei dëser géing et sech ëm e Spill handelen, dat een e puer Stonne pro Dag sollt spillen. Dann hätt een eng Chance vu 95 Prozent, fir eng Millioun Dollar ze gewannen.
Den Inhalt vum Video ass falsch, wat een och un deem falsche Lëtzebuergesch, dat an dësem geschwat gëtt, kann erkennen. Deementspriechend sollt een d’App, iwwert déi am Video geschwat gëtt, dann och net eroflueden.