MedienRTL Däitschland keeft Sky Däitschland

RTL Lëtzebuerg
D'RTL Group wëll den däitsche Ofleeër vu Sky iwwerhuelen. Ma dësem Deal muss d'Bundeskartellamt nach zoustëmmen.

D’RTL Group keeft Sky Däitschland. Wéi et an engem Communiqué, dee béid Medienentreprisen zesumme verschéckt hunn, heescht, wier en Accord ënnerschriwwe ginn. Doduerch, datt een RTL Däitschland a Sky Däitschland zesummeleet, dat mat engem eegene Streaming-Déngscht WOW, géif eng eenzegaarteg Offer fir Entertainment, Sport an Informatiounen an de Beräicher Streaming, Free-TV a Pay-TV entstoen. Dës Plattformen hunn zesummen 11,5 Milliounen Abonnenten. De Kafpräis läit bei 150 Milliounen Euro plus enger variabeler Komponent. Comcast kann am Laf vun den nächste 5 Joren dee variabelen Deel ofruffen. De variabelen Deel gëtt op Grondlag vum RTL-Group-Aktiekurs zu deem Zäitpunkt berechent an ass op 377 Milliounen Euro plafonéiert.

Eegenen Aussoen no wieren RTL Däitschland a Sky Däitschland mat de Streamingdéngschter RTL+, WOW a Sky op Aenhéicht mat de gréissten US-Plattformen.

De Kaf muss allerdéngs nach vum Bundeskartellamt, respektiv vun den Autoritéite fir Kompetitioun a Mediekonzentratioun bei eisen Noperen, ofgeseent ginn. Dës Autorisatioune kéinten am Laf vum nächste Joer kommen. D’RTL Grupp wäert mat dësem Deal d’Geschäfter an Däitschland, Éisträich an an der Schwäiz komplett iwwerhuelen, a kritt och d’Rechter um Streaming-Déngscht WOW.

Kuckt ee sech béid Entreprisen un, hätte si dat lescht Joer zesumme ronn 4,6 Milliarden Euro Ëmsaz gemaach. Ronn 2,4 Milliarden investéiere béid Entreprisë pro Joer zesumme a Rechter fir Sport, Serien an aner Formater. Déi zwou Entreprisen hunn déi lescht Jore jo schonn ënner anerem bei der Formel 1 zesumme geschafft, wou Sky zwar wuel d’Rechter hat, ma verschidde Courssen och um däitschen RTL konnten iwwerdroe ginn.

Den Haaptsëtz vun RTL soll awer weider zu Köln bleiwen an dee vu Sky zu München, och wa béid an Zukunft eng grouss Entreprise wäerte sinn.

Back to Top
CIM LOGO