Gréng Luucht vun AutoritéitenRTL Group däerf seng hollännesch Aktivitéite verkafen

RTL Lëtzebuerg
Déi geplangte Vente vun RTL Nederland gouf schonn am Dezember 2023 annoncéiert. Elo huet déi zoustänneg hollännesch Autoritéit d’Transaktioun geneemegt.
© JONAS ROOSENS / ANP MAG / ANP via AFP

RTL Group huet um Freideg net nëmmen annoncéiert, dass ee Sky Däitschland iwwerhëlt, mee och dass déi geplangte Vente vun RTL Nederland elo an dréchenen Dicher ass. RTL Group wäert seng hollännesch Aktivitéite mat 8 Televisiounssenderen an enger Streaming-Plattform un déi belsch Mediegrupp DPG Media verkafen. Dee selwechte Mediegrupp hat am Mäerz 2022 schonn RTL Belgium iwwerholl.

Déi hollännesch Aktivitéite sollen op de Stéchdatum vum 1. Juli transferéiert ginn. DPG däerf den Numm “RTL” och weiderhi bis op d’mannst Dezember 2034 notzen. Als Verkafspräis goufen 1,1 Milliarden Euro annoncéiert. D’Aktionäre vun RTL Group kréien eng Dividend vu 5 Euro pro Aktie an Aussiicht gestallt.

Back to Top
CIM LOGO