Wollt Frëndin ausspanenSänger vun Hardcore-Grupp soll sengem Bandkolleeg heemlech Östrogeen ginn hunn

RTL Lëtzebuerg
Wärend 5 Méint krut de Batteur vun der US-amerikanescher Hardcore-Band "Llorona" vum Sänger heemlech Östrogeen. Dat aus engem absolut absurde Grond.
© AFP/Archiv/LOIC VENANCE

An engem entretemps nees geläschten Instagram-Post hat d’Band bekannt ginn, datt de Sänger aus der Band erausgeheit gouf. Hie soll an alkoholiséiertem Zoustand seng Dote via SMS zouginn hunn. Deemno huet hie wärend 5 Méint dem Batteur heemlech Östrogeen a seng Pre-Workout-Präparater fir de Fitness gemëscht.

De Grond? De Sänger huet sech erhofft, datt säi Bandkolleeg duerch d’Anhuele vun de weibleche Geschlechtshormoner mat der Zäit manner maskulin a staark wierkt, hien dogéint am Verglach ëmsou méi, fir dass en dem Batteur d’Frëndin ausspane kéint, fir déi hie sech schonn zanter längerer Zäit interesséiert.

Wéi et weider am Statement vu “Llorona” heescht, huet dem Sänger säi “Steenzäitmënsch-Mindset” dofir gesuergt, datt de Batteur Dausenden Dollar fir Visitte beim Dokter huet mussen ausginn. Hien huet eegenen Aussoen no wärend där Zäit u Probleemer mam Mo, Gewiichtsverloscht, Muskelermiddung a psychesche Probleemer gelidden a sech bis ewell nach ëmmer net komplett erholl.

Ob et juristesch Konsequenze fir den Ex-Vokalist vu “Llorona” wäert ginn, ass net gewosst.

Back to Top
CIM LOGO