
D’Schisaison steet geschwënn an de Startlächer an den Trend vun de leschte Jore geet och dëst Joer weider: d’Präisser klammen. An dat egal, ob am Schwarzwald oder an den Alpen. Den Haaptgrond bleift dee selwechten an dat ass d’Hausse bei den Energiepräisser, ma och d’Inflatioun a moderniséiert Schilifter.
Besonnesch staark ass de Präis vun den Dageskaarten an d’Luucht gaangen. Am éisträichesche Sölden dierf een extra déif an d’Täsch gräifen, bis zu 83 Euro muss ee wärend der Topp-Saison do op den Dësch leeën. Ma och zu St. Anton beim Arlberg kascht et net manner, do sinn et 81, 50 Euro an domat 4,5 Prozent méi wéi d’lescht Joer. Zu Kitzbühel wäerten an der kommender Saison 79,50 Euro den Dag gefrot ginn, zu Serfauss-Fiss-Ladis 78 Euro.
Ironescherweis ass déi sougenannten Haaptsaison net ëmmer déi deierst Saison. Zu der Topp-Saison gehéiert nämlech schonn zanter enger Zäit den Zäitraum tëscht dem 6. an dem 19. Dezember.
Et ginn awer och méi bëlleg Alternativen zum deieren Dagesticket. A méi klenge Schigebidder lackele se mat extrae saisonale Kaarten, wéi zum Beispill zu Tirol mam sougenannte “Freizeitticket”. Ma och a méi klenge Schigebidder muss ee mat Präisser vu 50 Euro pro Dageskaart rechnen.
Ma net just an Éisträich ginn d’Präisser erop, och an Däitschland. Um héchste Bierg, der Zugspitze ass fir den Dagesticket 69 Euro pro Erwuessene fälleg. D’lescht Joer waren et 66 Euro.
Wie ka sech dat nach leeschten? Déi Fro wäerte sech allerdéngs net nëmmen d’Schifuerer stellen. Och an de Schigebidder mécht ee sech suergen, dass mat den héije Präisser d’Touristen ausbleiwen.