Täter vu "Klingelstreich" schwéier ze pëtzenSchleek léisst zu Schwabach (D) Policeasaz aus

RTL Lëtzebuerg
Well nuets ëmmer rëm ee geschellt huet, hunn d'Awunner vun engem Appartementshaus d'Police geruff. Den Täter ze pëtzen, huet intensiv Ermëttlunge gebrauch.
© Pexels / Aaron Braitmaier

An der Nuecht op e Mëttwoch konnten d’Awunner vun engem Appartementshaus zu Schwabach an Däitschland net schlofen, well ëmmer nees een un der Dier geschellt huet. Géint 0.30 Auer hätten e puer vun den Awunner dunn d’Police geruff.

Wéi et am Policerapport steet, hätte verschiddener och scho probéiert, de presuméierten Täter selwer ze pëtzen - dat awer ouni Succès. Mä och wéi d’Beamten op der Plaz waren, huet et weider bei den Awunner geschellt.

Eréischt mat engem Bléck op d’Schell konnt de Fall geléist ginn: “Heibäi konnt e Schleek festgestallt ginn, dee fläisseg iwwer d’Sensoren (...) gekroch ass”, heescht et am Police-Bulletin. Uerg Konsequenzen huet de schläimegen Täter zwar net misse fäerten, ma d’Beamten hätten en, wéi een op gutt Däitsch seet, “zur Schnecke gemaach”, “iwwer d’Revéiergrenze beléiert an op eng Wiss an der Géigend” bruecht, schreift d’Police vu Schwabach mat e bëssen Humor.

Back to Top
CIM LOGO