
Zanter e Freideg sinn déi ronn 200.000 Entreprisen am “Big Apple” dozou verflicht, d’Dreckstuten an Dreckskëschten ze geheien.
Dëst ass déi nächst Phas an der Lutte géint d’Rateplo. De Buergermeeschter Eric Adams hat dës als “24-Stonne-Ratebüffet” bezeechent. Den Adams hat d’Bekämpfung vun der Ratepopulatioun, déi ëmmer weider wiisst, zu engem vu sengen Haaptsujete gemaach.
Am Hierscht wäert d’Reegel dann och fir Wunngebeier mat néng oder manner Wunnunitéite Flicht ginn. Esou sollen d’Dreckstute lues awer sécher aus dem Stadbild verschwannen.