KorrespondenzSchnéi-Bilan an den éisträichesche Bierger

RTL Lëtzebuerg
Vill Lëtzebuerger fueren no de Feierdeeg gären nach e puer Deeg an de Schnéi. Eng vun den Haaptdestinatiounen ass Éisträich.
© pexels.com / Andreas Schnabl

Schifuerer a Snowboarder kënnen hei och nach op hir Käschte kommen. Awer wierklech just op de Pisten.

Schnéi-Bilan an den éisträichesche Bierger / Anja Gorge

A puncto Schnéi huet de Wanter 23/24 net esou gutt gestart. Am Oktober, wéi d’Saison op de Gletscher eigentlech scho sollt lancéiert ginn, gouf et nach guer kee Schnéi. Ma Enn Oktober Ufank November war en dunn endlech do, op d’mannst an den héije Lagen. Ee Mount méi spéit, ugangs Dezember, gouf et dann de “super Schnéi” bis an déi déifste Lagen, wéi de Bergführer Robert Span verréit. Sou vill Schnéi hätt et a verschiddene méi niddereg geleeëne Schigebidder dat lescht ganzt Joer zesummen net ginn, esou de Robert Span.

“Mitte Dezember schon grandiose Tiefschneetage ghobt bis jetzt leider der Sturm kemmen ist und durch den Sturm hats den ganzen Schnee verfrachtet, wir hobn auf den Pisten top Verhältnisse ober abseits der Piste ists nicht so schön, weils nicht so schön zum Fahren ist.“

Wärend op de Piste super Konditioune sinn, huet de Stuerm viru ronn 2 Wochen de Schnéi leider op ville Fielse quasi ganz ewech geblosen, esou dass hors piste d‘Konditiounen net ideal sinn, bedauert de fréiere Chef vum Éisträicheschen Bergführerverband.

An wéi sinn d’Prognose fir déi lescht Vakanzewoch?

“Sicher 2023 erledigt isch… aber dann für Anfang Jänner a bissl a Schnee prognostiziert, werdn mer weitersehen.”

Et heescht also oppassen an op de Piste bleiwen. An natierlech hoffen, dass d’nächst Woch vläicht awer nach déi eng oder aner Schnéiflack erof kënnt.

Anja Gorge aus Éisträich fir RTL Radio Lëtzebuerg

Back to Top
CIM LOGO