
Eleng am Rheingau-Taunus-Krees an Hessen hunn iwwer 100 Mënsche missen aus hire Gefierer befreit ginn, well se festsouzen. Si hunn d’Nuecht op en Dënschdeg deelweis missen an Hoteller verbréngen. Am Ganzen hunn d’Rettungsdéngschter an der Regioun iwwer 200 Asätz wéinst dem Schnéi gezielt. Eng Automobilistin gouf iwwerdeems liicht blesséiert, wéi e Bam op hiren Auto gefall ass.
A Sachsen-Anhalt ass et no enger Partie Accidenter op der A9 zu kilometerlaange Staue komm. Et koum och zu enger ganzer Partie Aschränkungen am Zuchverkéier.