17. Editioun vun der NaturwëssenschaftsolympiadSchüler aus 25 Länner kommen an de Grand-Duché

RTL Lëtzebuerg
24 Schüler vun 2.700 hunn et an d’Finall gepackt, wou se de 27. Februar an Teams géinteneen ugetruede sinn.
17. Editioun vun der Naturwëssenschaftsolympiad
24 Schüler aus Lëtzebuerg kämpfen drëm, wien eist Land bei dësem Concours am Abrëll dierf vertrieden.

An Ekippe vun dräi mussen d’Schüler Experimenter an der Bio, Physik a Chimie maachen. Si kënne sech d’Aarbecht ënnerteneen opdeelen a sech géigesäiteg ënnerstëtzen. Dräi Stonnen hunn d’Schüler, fir hir Experimenter duerchzeféieren. Dëst Joer ass d’Thema de Klimawandel. Si kréien allerdéngs och Hëllef vun de Proffen, ënnert anerem vum Christophe Ternes, dee Biosproff a Coordinateur vun den Olympiaden ass.

2020 huet Lëtzebuerg d’Olympiad fir déi éischte Kéier zu Riga a Lettland gewonnen.

Dëst Joer ass speziell, well d’European Olympiad of Experimental Science zu Lëtzebuerg organiséiert gëtt. E Mëttwoch de 6. Mäerz goufen déi zwou bescht Ekippen aus der Finall gewielt, déi Lëtzebuerg dann de 7. bis 14. Abrëll bei der Naturwëssenschaftsolympiad vertriede wäerten.

Schüler aus 25 Länner wäerten heihi kommen, fir d’Finall ënnert sech auszedroen.

Back to Top
CIM LOGO