
Nieft dem Koran louch awer och nach Speck op dësem Grill. Schwéngefleesch also, wat gleeweg Moslemen net iessen. Dono ass um Video ze gesinn, wéi hien de verbrannte Koran virun den Agang vun enger Moschee leet. Am Hannergrond soll eng Musek ze héiere sinn, déi mam Attentat op d’Moschee zu Christchurch an Neiséiland a Verbindung ka bruecht ginn, esou dat zoustännegt schwedescht Geriicht zu Linköping. Bei deem Attentat am Joer 2019 waren 51 Leit ëmkomm.
Genau wéinst deem Video gouf de schwedesche Bierger elo wéinst Volleksverhetzung schëlleg gesprach a krut eng Prisongsstrof op Sursis. An der Erklärung schreift d’Geriicht, datt een de Video als Menace a Veruechtung géint Mosleme gedeit huet, well dës Opnamen hätte sech dem Geriicht no konkret géint d’Moslemen an net géint den Islam als Relioun geriicht.
Schwedesche Medien no ass dëst den éischte Fall am Land, bei deem e Geriicht gepréift huet, ob d’Verbrenne vum Koran als Volleksverhetzung kann interpretéiert ginn.