
Net nëmmen an Industrielänner verbreet sech d’Einsamkeet séier. Och an der schweedescher Stad Luleå hëlt de soziale Kontakt am Wanter séier of. Mat enger Duerchschnëttstemperatur vu minus 10 Grad, ginn et iwwer d’Wanterméint net vill Méiglechkeeten, sech zoufälleg ze treffen. Donieft läit d’Stad mat ronn 80.000 Awunner esou wäit am Norden, datt d’Mënschen an de Wanterméint nëmme ganz wéineg Sonneliicht gesinn.
Fir den Auswierkungen op d’psychesch Gesondheet entgéintzewierken an d’Stëmmung vun den Awunner ze hiewen, gouf dëse Wanter d’Campagne “Säg hej”, also “So Hallo”, lancéiert. “Et gëtt eppes, wat mir all maache kënnen, fir e méi agreabelt Luleå ze schafen”, schreift d’Stad an de soziale Medien a proposéiert, eppes u sech ganz Einfaches, nämlech sech géigesäiteg gréissen.
D’Campagne gouf den 31. Oktober lancéiert a soll véier Wochen daueren. Op deem Dag ass net nëmmen Halloween, mä och den “Dag vum Noper” a Schweden. Um Site vun der Stad ass an deem Kontext e Video ze gesinn, op deem e Mann enger Fra op enger Bänk Moie seet. D’Fra reagéiert ufanks net, schéngt sech kuerz drop dann awer ze freeën. Och eng eeler Damm, déi gegréisst gëtt, weist ufanks keng Reaktioun, ma laacht méi spéit dann awer. En einfache Message: “E Moie kann en Ënnerscheed maachen.”