Fameck bei AmnévilleSécher Plaz fir Iwwergab vu Kanner a privaten Online-Verkeef viru Gendarmerie

Maurice Fick
Op enger sécherer Plaz d'Kanner dem Ex-Partner ginn oder sech ouni Angscht mat engem treffen, deem een eppes verkeeft - dat ass elo zu Fameck méiglech.
© Ville de Fameck

Déi franséisch Gemeng huet den éischten neutralen Treffpunkt am Grand Est ageweit. Virun allem Elteren, tëscht deenen et “net gutt leeft”, soll esou e séchere Beräich fir d’Iwwergab vun hire Kanner gebuede ginn, wéi den Alessandro Bernardi, Vize-Buergermeeschter vu Fameck a responsabel fir d’Sécherheet, eise Kolleege vun RTL Infos erkläert huet.

Déi nei Plaz, déi duerch breet giel Sträifen um Buedem direkt virun der Gendarmerie zu Fameck gekennzeechent ass, gëtt ronderëm d’Auer vu Kameraen iwwerwaacht an huet en Alarm-Knäppchen, mat deem d’Gendaarmen direkt geruff kënne ginn. Esou solle sech virun allem Eltere a schwierege Situatioune wéi déi vun der Iwwergab vum Kand méi wuel fillen, well si wëssen, datt si direkt op Hëllef zréckgräife kënnen.

Déi neutral an iwwerwaacht Plaz kann awer och fir aner Zwecker genotzt gi wéi zum Beispill, wann een eppes iwwer den Internet verkaf huet oder keeft. Esou kënnen déi Leit sech op enger sécherer an neutraler Plaz treffen, amplaz op engem donkele Parking oder bei engem doheem.

Méi Informatiounen zu der “Zone de rencontre neutre” zu Fameck fannt Dir am Artikel vun eise Kolleege vun RTL Infos.

Back to Top
CIM LOGO