
An zwar op där Plaz, wou d’Seine laanscht d’Stadhaus fléisst. Weider huet d’Buergermeeschtesch Anne Hidalgo de franséische President Emmanuel Macron agelueden, och an d’Seine schwammen ze goen. “Wann hie wëll, ass hien häerzlech wëllkomm.” Ob de Macron d’Invitatioun unhëlt, huet hien nach net matgedeelt.
De But vum Anne Hidalgo ass et, d’Seine bis zu den Olympesche Summerspiller esou propper ze kréien, dass verschidde Coursen dora kënnen ausgedroe ginn. Am Ament gesäit et esou aus, wéi wann dat kéint Realitéit ginn. Kräfteg Wiedere kuerz virum Triathlon an dem Fräi-Waasser-Schwamme kéinten dëst allerdéngs nach verhënneren.
Nei ass d’Iddi awer net. Schonn 1990 ware verschidden Disziplinnen an der Seine ausgedroe ginn, allerdéngs méi am Westen, aus der Stad eraus. Deemools goufen et och nach verschidde Schwämmen, déi mat Waasser aus der Seine gefëllt goufen.
Zanter 1923 ass d’Schwammen an der Seine verbueden. Dat wéinst der Verschmotzung an der Gefor vun de Schëffer. Wéi d’Olympesch Spiller 1924 nees zu Paräis ausgedroe goufen, war e modernt Becke vu 50 Meter am Norde vun der Stad gebaut ginn.
1988 hat sech den deemolege Buergermeeschter Jacques Chirac et dunn zum Zil gesat, d’Schwammen an der Seine nees méiglech ze maachen. “Ech bréngen dann Handdicher an Antibiotik mat”, huet den Ëmweltminister dëst deemools kommentéiert. Aus dem Plang vum Chirac gouf näischt.
Eréischt 2016 huet d’Anne Hidalgo de Plang nees opgegraff. Net nëmmen d’Schwëmmer sollen de Floss notzen, och déi spektakulär Ouverture soll do ofgehale ginn. Zanterhier huet de Staat ronn 1,4 Milliarden Euro investéiert, fir d’Seine propper ze maachen. Dobäi geet et virun allem ëm zwee Problemer. Zum enge leeft nämlech d’Ofwaasser vu ronn 30.000 Stéit an d’Marne, respektiv an d’Seine. An zum anere geet d’Paräisser Kanalisatioun net duer, fir de ganze Reen opzefänken, sou dass d’Ofwaasser e puer Mol am Joer an d’Seine geschwemmt gëtt.
Fir d’Proprietäre vun den Haiser ze iwwerzeegen, hier Ofwaasserleitung richteg unzeschléissen, goufe si iwwert de Problem opgekläert a fir d’Renovéierunge ginn et Hëllefe vum Staat. Och d’Besëtzer vun Hausbooter goufen opgefuerdert, hiert Ofwaasser net méi an de Floss ze leeden. wat schonn zanter Jore verbueden ass, awer net respektéiert gouf.
Fir d’Kanalisatioun ze entlaaschten, gëtt weider en Iwwerlafbecke gebaut, dat 50.000 Liter ophuele kann. Dëst soll am Fréijoer fäerdeg ginn.