Wisou brauch een en Auto?Seniorin aus Sontheim (D) ass mam Méitrakter akafe gefuer

RTL Lëtzebuerg
Eng 66 Joer al Fra aus Baden-Württemberg gouf vun der Police gestoppt, well si e bëssen irregulär am Stroosseverkéier ënnerwee war.

Si wollt nämlech mat hirer Méimaschinn, op där ee Sëtze kann, akafe fueren. Der Police no kritt esou e Méitrakter ronn 12 Kilometer an der Stonn drop.

Fir mat esou eppes an Däitschland op der Strooss ze fueren, brauch een e Permis, en Nummereschëld an déi néideg Pabeieren. Dat alles hat d’Fra awer net an esou huet si hire Méitrakter misste stoe loossen an anescht op hir Shoppingtour kommen...

Back to Top
CIM LOGO