
Déi Onéierlech hunn der Fra leschten Donneschdegowend ugeruff an hir vun engem Grupp Verbriecher gezielt, deen an der Géigend vun hirer Wunneng ënnerwee wier.
Den angeebleche Polizist huet d’Seniorin an en Telefonsgespréich vun e puer Stonne verwéckelt. Wéi si vum Boergeld erzielt huet, dat si an der Wunneng huet, huet de Mann si dovun iwwerzeegt, d’Suen an e Sachet ze stiechen an aus der Fënster ze geheien. Do géing en zweete Polizist waarden an d’Suen a Sécherheet op de Policebüro bréngen.
Spéider gouf d’Fra skeptesch an huet déi richteg Police alarméiert. Vun den Täter an der Fra hire Sue feelt awer all Spuer.