
Fir et kuerz ze halen: Eng Koppel hat 2023 an der Kierch vu Schechen Geschlechtsverkéier um Altor an huet dësen domadder wuertwiertlech “entweit”. Den Altor an dëser besoter Kierch an Oberbayern gouf da kuerz viru Chrëschtdag nei geseent, dofir koume Wäirauch a geseentent Waasser bei engem extrae Gottesdéngscht an den Asaz a géint d’Koppel gouf eng Plainte gemaach.
D’Koppel hat de Sex an der Kierch esouguer dokumentéiert. D’Fra huet antëscht och ugeholl, datt eng Plainte géint si an hire Partner gemaach gouf. Dowéinst brauch si sech elo net viru Geriicht ze veräntweren. Hire Partner dogéint muss dat awer maachen, dat awer och nach wéinst aneren Tëschefäll.