Céline Dion gëtt zur Sireen"Siren battles" terroriséiere ganz neiséilännesch Gemeng, lo soll Schluss sinn

RTL Lëtzebuerg
Musekfans op der neiséilännescher Nordinsel hu sech eng flott Fräizäitbeschäftegung gesicht, eng mat Traditioun, ma déi nawell vill Leit fatzeg nervt.
© AFP Archivbild

U sech kenne mer d’Céline Dion éischter duerch roueg Balladen an trotz den héijen Téin, déi d’Lidder vun der Sängerin ausmaachen, wierke se éischter entspanend. An Neiséiland ginn et ewell sëllege Leit, déi mat Sécherheet de Contraire behaapten. Do ginn d’Téin vum Céline Dion antëscht schonn a Richtung Belästegung wéinst Kaméidi.

Am 60.000-Awunner-Stiedche Porirua op der neiséilännescher Nordinsel gi sech zanter enger Zäit virun allem nuets, sougenannte “siren battles” geliwwert an dat neierdéngs mat Virléift mat den Hits vum Céline Dion. Dat heescht do gëtt sech da mat “My Heart Will Go On” bekricht.
Dës Schluechte sinn u sech en Deel vun enger neiséilännescher Subkultur. Den Ursprong huet se an der ethnescher Grupp vun de Pasifika. Dat steet am “Guardian” erkläert. Dobäi motze Musekbegeeschterter hir Ween mat Hautparleuren a Sireen op, fir dann a verschiddene Kategorien ëm den haarsten a kloerste Sound ze konkurréieren. Dem Céline Dion hir Lidder wieren do einfach ideal. Si trëfft mat hirer Stëmm virun allem déi méi héich Téin, Bäss ginn et quasi keng. Dat kann een natierlech opdréinen an engem Musek-Battle.

Lo ass et awer sou, dass déi haart Musek, besonnesch awer wann d’Céline Dion bis hannen opgedréint gëtt, kee méi en A zoumécht. “The Power of Love” spiert ee wuel och manner, wann een um 2 Auer an der Nuecht wéinst sirenenaartegem Gesang aus dem Bett fält. D’Awunner vu Porirua hunn es op alle Fall genuch, d’Mooss ass voll a si fuerderen en Enn vun de “sire battles”. E puer Bierger hunn eng Petitioun op Change.org lancéiert, fir dat dat “Gesouers” an der Nuecht endlech soll ophalen. Mat Musek hätt dëst näischt méi ze dinn. “Genuch ass genuch”, heescht et do, “de Gemengerot vu Porirua muss handelen an d’Versammlunge vun den Autoe mussen ophalen, déi ëmmer nees an der Nuecht hir Musek opdréinen a Sireenen ofspillen. [...] Schlof ass e grondleeënd Mënscherecht.”

Och d’Buergermeeschterin Anita Baker huet d’Musek-Schluechten och “méi wéi sat”. Hir sinn awer leider d’Hänn gebonnen, dat heescht si kann de Problem och net léisen. Wat si awer mécht, mat der Police an e lokalen Autoritéiten no Léisunge sichen. Zil ass et, dass d’Participanten hir Hautparleuren do opstellen, wou se kee stéieren.

Back to Top
CIM LOGO