Kloterwänn, Sprangbueren, KlunschenSou soll déi nei Spillplaz am Märeler Park ausgesinn

RTL Lëtzebuerg
D'Spillplaz am Märeler Park wäert vu September u renovéiert ginn, a kritt ënner anerem eng 900 m² grousser Waasserspillplaz, nei Rutschbanen a villes méi.
© SIK-Holzgestaltungs GmbH

D’Spillplaz am Märeler Park an der Stad gëtt vu Grond op nei gemaach. E Mëttwoch hunn d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer an de Schäffe Maurice Bauer déi definitiv Pläng vun der neier Spillplaz presentéiert. D’Aarbechte fänken offiziell de 15. September un.

Fir dat neit Konzept vun der Spillplaz gouf besonnesch op d’Inclusioun, d’Durabilitéit an d’Innovatioun gekuckt. De Projet versprécht e grousse Choix u verschiddene Spillméiglechkeeten.

Héichpunkte sinn eng 900 m² grouss Waasserspillplaz mat Rampen, Sprangbueren, Beräicher mat Sand an Uewerflächen, wou ee buerféiss driwwer goe kann. D’Spillplaz ass fir Visiteure vun all Alter an allen Niveaue gemaach, wou d’Experienz an déi sozial Interaktioun am Mëttelpunkt stoe sollen, heescht et am Communiqué.

Am Häerz vun der neier Spillplaz stinn zwee gréisser Tierm, déi e Waasserkraaftwierk an e Wandrad duerstelle sollen. Béid Tierm sinn duerch eng Passerelle a kleng Tunnellen aus Seeler verbonnen, wou d’Kanner duerch d’Klammen an aner kleng Aufgaben op spilleresch Aart a Weis mat der Thematik ëm erneierbar Energien a Kontakt kommen.

Eng vun den Haaptattraktioune vum Märeler Park waren déi lescht Joren d’Rutschbanen, déi der Spillplaz erhale bleiwe wäerten. Ze fanne sinn dann och Kloterwänn, Seel-Parcoursen, Rutschen, Schaukelen a Gläichgewiichtsspiller, déi de Kanner hëllefe sollen, hir Beweeglechkeet a Koordinatioun ze trainéieren.

Donieft sollen och Spiller a Plazen am Schiet amenagéiert ginn, déi sech deelweis ënnert de Passerelle befanne wäerten.

20250826-Communique-Aire-de-jeux-parc-Merl-VDL

Back to Top
CIM LOGO