Trotz massive BëschbrännSou vill Touriste wéi nach ni dëst Joer a Griicheland

RTL Lëtzebuerg
Bis Enn August hat Griicheland 22,65 Millioune Visiteuren op Besuch, sou d'Zentralbank zu Athen. Dat waren der sou vill wéi nach ni.
© AFP Archivbild

Dat ware 18,4 Prozent méi wéi am selwechten Zäitraum virun engem Joer, an dat trotz extreeme Canicullen a Bränn. De fréiere Rekord vun de Visiteurszuele fir dësen Zäitraum war mat 21,8 Milliounen am Joer 2019.

D’Touristesaisonen 2020 an 2021 ware staark vun der Corona-Pandemie beanträchtegt. Dëst Joer, war vun deene sëllege Bëschbränn markéiert, déi virun allem d’touristesch Insele Korfu a Rhodos getraff haten. Am Juli hunn dowéinst vill Touristen op béiden Insele missen evakuéiert ginn. Am August dunn huet et eng weider Kéier gebrannt, an et koum nees zu Evakuatiounen.

Back to Top
CIM LOGO