
Eng Persoun hat d’Sécherheetsautoritéiten alarméiert, well sech e Kolleeg vun him bei engem Sportaccident soll blesséiert hunn, esou d’Police vun Nürnberg. D’Autoritéite ginn awer dovunner aus, datt de Mann sech verletzt huet, wéi hie mat engem weidere Mann op hirer Cannabisplantage geschafft huet.
Wéi d’Beamten op d’Plaz koumen, dat am Landkreess Hilpoltstein, an de Blesséierte behandelt hunn, ass hinnen e staarke Marihuanageroch opgefall. Bei enger méi genauer Kontroll hu si dunn och eng Gaardeschéier, frësch gepléckte Planzen an dunn och d’Plantage entdeckt. Bei weideren Ermëttlunge konnten nach fënnef Plantagen ënner anerem an der Wunneng vun de Verdächtege lokaliséiert ginn. An der Wunneng vum 34 Joer ale Mann goufen dann och nach divers Chemikalien a Schwaarzpolver saiséiert.
Am ganze goufe 75 Kilo Cannabisplanzen saiséiert. Déi dräi Verdächteg mussen elo mat enger Plainte wéinst dem Verstouss géint d’Drogegesetz rechnen.