
No zwee gescheiterte Versich ass d’spuenesch Rakéit “Miura 1" mat Succès an d’Ëmlafbunn vun der Äerd geschoss an zréckbruecht. Der Entreprise no wier et den éischte privaten europäesche Projet, fir Rakéiten, déi een nach eng Kéier notze kann, an den Orbit ze schécken.
Bei Fluch wieren all d’Ziler erreecht ginn. Déi kleng, nëmmen 12 Meter laang Rakéit wier vun der Raumfaartstatioun El Arenosillo bei Huelva op 46 Kilometer iwwer dem Golf vu Cádiz geflunn. Nach am Laf vum Samschdeg soll eng Ekipp vu PLD Space d’Rakéit am Atlantik biergen. De Start war virdrun zweemol wéinst dem Wieder verréckelt ginn.