
Fréier hätten d’Leit hir Hënn a Kazen ausgefouert, antëscht wieren et Papageien, Schlaangen an Eidechsen, sot de Jerry Huang der Noriichtenagence AFP. Dat hätt hien op d’Iddi bruecht, och “Ënnerwaasser-Kreaturen” eng Méiglechkeet ze bidden, hir Ëmwelt ausserhalb vun hirem natierleche Liewensraum z’entdecken. Dowéinst gesäit een de Jerry Huang an der Stad Taichung, wéi hie mat senge Fësch an engem zouenen Aquarium op sengem Buggy spadséiere fiert.
De begeeschteren Drone-Fotograf huet verséchert, datt hie sech laang mat der Iddi beschäftegt hätt. Hien hätt vill recherchéiert, éier hien aus Eenzeldeeler aus sengem Atelier en opwännege Goldfësch-Buggy zesummegebaut huet. De Buggy besteet aus engem mat Waasser gefëllten Acryl-Zylinder an engem batteriebedriwwenem Filter- a Sauerstoffsystem, déi op engem speziellt gebautem Gefier montéiert goufen.
Säi Gefier wier awer keng spontan Iddi gewiescht. Vill méi wier him wichteg gewiescht, “d’Fësch ze verstoen”. Fir d’Goldfësch als Versuchtdéieren hätt hie sech decidéiert, well dës “robust” an “net besonnesch ängschtlech” géigeniwwer Mënsche sinn. De Jerry Huang ass iwwerzeegt, datt seng Fësch d’Aventure genéissen. “Mir hunn all den Drang, onbewunnbar exotesch Welten z’entdecken. Dowéinst schécke mir Raumfären an de Weltall”, sot hien a fiert weider: “Wier ech e Goldfësch, géing ech mech bestëmmt mega freeën, wann iergendeen eppes fir mech erfanne géing, fir aner Welten z’entdecken.”