Opgepasst, Arnaque!Tankstellen-Trick kann 150 Euro kaschten

RTL Lëtzebuerg
Beim Tanken am Ausland sollt Dir besonnesch gutt Uecht ginn. Onéierlecher hunn e weideren Trick op Lager, fir Iech d'Geld aus der Täsch ze zéien.
© AFP

Kaum sidd Dir bei der Pompel ukomm, gitt Dir vun enger Persoun ugeschwat, déi an Nout ass. Si freet Iech no enger klenger Quantitéit Bensinn, déi Dir mat Ärer Kaart bezuele sollt. Direkt duerno kritt Dir d’Zomm a Form vu Boergeld och erëm. Souwäit, sou schlecht. Well, déi Persoun ouni Kreditkaart guer net an Nout ass. Hir geet et just drëms, Är Pistoul falsch anzehänken.

Soubal Dir fortgefuer sidd, tankt déi Persoun hiert Gefier voll. Op Är Käschten. Normalerweis ass e Montant bis 150 Euro autoriséiert. Wann dann d’Ofrechnung vun der Kaart kënnt, ass et eng ellen Iwwerraschung. An natierlech ze spéit, fir nach eppes z’ënnerhuelen. An enger Variant vun deem Trick hutt Dir getankt a wëllt duerno den Ticket vun Ärer Kreditkaart. Laut opgepechtem Ziedel ass de Rouleau vun der Maschinn awer blockéiert a kann Iech keen Ticket ausstellen. Do ass d’Pistoul esou manipuléiert, datt se net ganz anhänkt an esou een anere weider tanke kann, soubal Dir fortgefuer sidd.

Weider Arnaquen
Donieft existéieren nach eng sëllegen aner Tricken, fir Touristen ze bedupsen:

  • Beim sougenannte “Skimming” ginn d’Donnéeë vun Ärer Kreditkaart wärend dem Tanke geklaut.
  • Bei der sougenannter peruanescher Method, simuléiert eng Persoun laanscht d’Strooss eng Pann a freet Geld, fir hir ze hëllefen.
  • Et gëtt och probéiert, Iech gleewen ze doen, dass Dir engem Automobilist säi Spigel futti gemaach hutt, an dee bezuele sollt. Bor natierlech.
  • Ee mécht Iech e Pneu platt, ouni dass dir et matkritt. Praktescherweis wëllt ee vu senge Kolleegen Iech hëllefe beim Flécken a lenkt Iech of. Wärenddeem klaut deen aneren d’Wäertsaachen aus Ärem Gefier.

Wat maachen?
Och an der Vakanz, an där ee sech eigentlech entspane wëll, soll ee virsiichteg an opmierksam sinn. Bei all dëse Versich, un Äert Geld ze kommen, geet et all Kéiers ëm eng Aart Noutsituatioun, verbonne mat der Fro no Geld. Natierlech soll een hëllefen, awer mësstrauesch ginn, soubal een no Geld gefrot gëtt. D’Remark, dass d’Police de Persounen an Nout sécher hëllefe kéint, géif dacks schonn duergoen, fir aus esou Situatiounen eraus ze kommen. Keng Wäertsaache siichtbar am Auto leie loossen oder ëmmer op d’mannst eng Persoun beim Auto loossen, wärend déi aner bis an d’Statioun era sinn.

Back to Top
CIM LOGO