
D’Temperaturen am Mier waren 2023 bal esou héich wéi 2022, sou de BSH-President Helge Heedewaldt en Donneschdeg zu Hamburg, wou de Sëtz vum Amt ass. Nëmmen 2014 war d’Nordséi nach méi waarm.
D’lescht Joer war deemno dat drëttwäermst Joer zanter dem Ufank vun de Miessungen 1969. Zemools de September wier ganz waarm gewiescht, sou waarm wéi nach ni. Ma och de Januar, Februar, Juni a Juli wiere waarm ausgefall un der Nordséi.
Fir d’Ostséi gouf dat siwentwäermst Joer zanter dem Ufank vun de Miessungen enregistréiert, allerdéngs gouf do och réischt zanter 1990 gemooss.
D’Wëssenschaftler vum BSH notze Satellittebiller souwéi Date vu Schëffer a Miessstatiounen, fir d’wëchentlech Entwécklung vun der Uewerflächentemperatur vun der Nord- an Ostséi ze suivéieren. Doraus entstinn dann d’Berichter, déi fir Laangzäitvergläicher benotzt ginn. Zu den Ursaachen, wisou et ëmmer méi waarm gëtt, goufe keng Aussoe gemaach.