Kee "Match" méiTinder wäert belarussesche Maart am Februar verloossen

RTL Lëtzebuerg
Vum 15. Februar u mussen d'Leit am Belarus eng aner Method sichen, fir mateneen ze "matchen".
© AFP

“Vum 15. Februar u kënnt Dir, wann Dir am Belarus sidd, keng Déngschter vun Tinder méi notzen oder Iech an Ären Account aloggen. Bis zu dësem Datum kënnt Dir Iech awer nach mat anere User treffen a mat hinnen chatten”, schreift d’Mammenhaus vun Tinder, d’Match Group, an engem Communiqué. E Grond, wisou een de Belarus verléisst, gouf net genannt.

A Russland ass Tinder schonn zanter Juli 2023 net méi aktiv.

Back to Top
CIM LOGO