
De Beschëllegten hat viru Geriicht nach betount, dass hie sech gebessert hätt a vun elo u keng Strofdote méi wéilt begoen, ma knapp war d’Urteel gesprach, waren all dës Aussoen och schonn op der Kopp.
Just an deem Moment, wéi d’Riichterin erkläert huet, dass si eng Strof op Sursis refuséiert, koum och schonn den Ugekloten op si duer gesprongen. Hien ass duerch d’Ofspärung gestiermt an huet d’Riichterin attackéiert.
D’Juristin an e Mataarbechter am Geriicht goufe beim Tëschefall liicht blesséiert a koumen an d’Spidol.
Dobäi sollt een awer wëssen, dass den Ugeklote Schizophrenie an eng bipolar Stéierung huet. Hie gouf awer schonn 2015 wéinst versichtem Déifstall an 2021 wéinst haislecher Gewalt zu Prisongsstrofe verurteelt.
Dem Mann wénkt dann elo nom Prozess direkt nees eng nei Klo.