Mord u Frëndin wärend Vakanz an NorwegenUgeklote stierft an Untersuchungshaft

RTL Lëtzebuerg
De presuméierten Täter war wéinst dem Mord u senger 24 Joer aler Frëndin ugeklot ginn.
© AFP/Archiv/Ina FASSBENDER

Zanter Oktober souz den 29 Joer ale Mann wéinst Mordverdacht zu Duisburg an Untersuchungshaft. Bal zwee Méint no der Uklo ass de presuméierten Täter an Untersuchungshaft gestuerwen. Dat bestätegt eng Spriecherin vum Parquet vu Münster e Méindeg.

E Freidegmoien ass de presuméierten Täter dout a senger Zell fonnt ginn. Et géife keng Hiweiser op Friemawierkung ginn, aktuell geet ee vun engem Suicide aus. Der Obduktioun no ass hien duerch Erstécke gestuerwen, d’Enquête leeft nach weider.

Wat war geschitt?

Am Hierscht 2023 soll de Mann mat senger deemoleger Frëndin mat engem Campingcar duerch Skandinavien gefuer sinn. Beim Séi Falningsjoen soll hien d’Fra dunn erschoss hunn an eng brennbar Flëssegkeet iwwer d’Läich geschott hunn, éier hie se ugefaange soll hunn. Duerno wier hien zréck an Däitschland gereest.

De 7. Oktober hu Familljememberen dunn e Vermësstenopruff lancéiert. Zéng Deeg méi spéit gouf de Mann festgeholl. An enger Lagerhal, déi hie gelount hat, huet d’Police eng Partie Waffe fonnt. Duerch Indicë vum Ugeklote konnt d’Police schliisslech och d’Läich an Norwegen fannen.

Back to Top
CIM LOGO