
Am August d’lescht Joer hat d’Mammegesellschaft vun den Universal Studios, Comcast Corporation, e grousst Grondstéck zu Bedford an England fir 271 Milliounen Dollar kaf, wéi e Spriecher vun der Firma der Washington Post géigeniwwer confirméiert.
Wéi et vu Vertrieder vu Comcast heescht, wier den Terrain zu Bedford wéinst senger Connectioun un de Rescht vu Groussbritannien an Europa gewielt ginn. Déi kleng englesch Stad läit eppes méi wéi eng Stonn mam Zuch vu London ewech. Bis eng Decisioun iwwer weider Pläng fir d’Grondstéck fält, kéint et awer nach e puer Méint daueren, erkläert de Porte-parole vu Comcast.
An den USA hunn d’Universal Studios aktuell e Park zu Orlando an een zu Hollywood. De leschte Mount war iwweregens de Spuedestéch fir den “Universal Kids Resort” zu Frisco Texas, en Theemepark speziell fir Famillje mat klenge Kanner. Donieft hunn d’Universal Studios nach Parken a Japan, China a Singapur.
De Fräizäitpark an England wier awer net deen éischte Park vun Universal an Europa. Zu Salou a Spuenien hat d’Entreprise ëmmer e Park mam Numm “Universal’s Port Aventura”, dee méi spéit Universal Mediterranea geheescht huet. 2004 huet NBCUniversal hir Parte verkaf, wouropshin Resort Holdings B.V. iwwerholl huet an den Numm a “PortAventura World Parks & Resort” geännert gouf.