Héich KakaospräisserUrsaachen a Prognosen

Annick Goerens
Ausgerechent kuerz virun Ouschtere konnten d'Präisser fir Kakao d'lescht Woch net méi gebremst ginn.
© Annick Goerens

D‘Bourse zu New York hat een absolutte Rekordpräis gemellt: iwwer 10.000 Dollar pro Tonn. Zanter dem Ufank vum Joer huet sech de Präis also méi wéi verduebelt.

Suitte Kakaospräisser / Reportage Annick Goerens

Ganz allgemeng ass de Kakaospräis an de leschten Joren ëmmer an d’Luucht gaangen, mä besonnesch an de leschte Méint wier de Maart extrem nervös gewiescht. Verschidden Zorte si vu 7 Euro de Kilo op 11 eropgeklommen, erkläert de Patissier-Chocolatier Tom Oberweis.

Dat ass duerch d’Klima an och d’Onrouen an de Länner - besonnesch an Afrika - wou mer gemierkt hunn, dass d’Kakaosproduktioun erofgaangen ass. D’lescht Joer si bal 5 Milliounen Tonne Kakao produzéiert ginn. An dëst Joer rechne se mat 4,6 Milliounen Tonnen. Dat heescht, duerch de Réckgang ass de Maart nervös ginn. Dat gëtt quotéiert. Do ass natierlech och vill Spekulatioun. An doduerch hu mer elo een extremen Pic.

Wéinst senger Passioun fir de Schockela, huet den Tom Oberweis scho virun 10 Joer ugefaangen - zesumme mat sengem Brudder - fir eegene Schockela ze produzéieren. An deementspriechend wieren hir Präisser fir de Client souwisou scho méi héich gewiescht,

Ech ginn Iech e Beispill. De Pierre Marcolini - ech kafen Schockela bei senger Fra - deen huet mir gesot ‘Tom, si tu veux avoir des bonnes fèves de cacao, tu doix mettre un bon prix’. Zu der Zäit hunn ech schonn dat Duebel bezuelt, wat iwwerhaapt um Maart bezuelt ginn ass. Dat heescht, ech wousst, dass mer géife méi deier schaffen. Dass mir déi ganz Produktioun selwer maachen, kascht natierlech och méi, wéi wann ech e géif fäerdeg kafen. A mir mierken awer och, dass de Client an engem gewëssene Mooss bereet ass de Präis ze bezuelen, well mer an deem Sënn eng Qualitéit garantéiere kënnen. A mir wëssen och genau, wou de Kakao hierkënnt an ech weess och genau, dass mäi Präis, vu dass ech bal keng Intermediairen hunn, dee kënnt bei de Produzenten an de Länner un. Wéi zum Beispill am Guatemala, wou mer mat enger Fondatioun schaffen.

D’Tendenz fir déi nächste Méint wier och net gutt. Dofir wier ee frou, dass een ëmmer genuch Kakaobounen op Stock hätt.

Mir hunn dann heiansdo 10 Tonnen op Lager oder 15 Tonnen. Vu dass mer iwwer 20 Tonne kafen [am Joer, ndlr.]. Dat ass och schonn e gewëssent Kapital. Dat hu mer lues a lues opgebaut. Mä et geet einfach drëm, fir déi Quantitéiten ze hunn, fir grad déi Pointen z’evitéieren.”

Et wier virun allem duerch den industrielle Schockelasbusiness, dass de Präis massiv géing gedréckt ginn. Dofir wier och de Client gefrot. Wie bëllege Schockela keeft, weess net, wat genee dran ass a wéi vill d’Produzente kréien. Fir Qualitéit a Nohaltegkeet misst een eben och méi bezuelen, sou den Tom Oberweis.

RTL-News: Extrem Präishausse vum Kakao - Wéi eng Auswierkunge ginn et op d’Schockelasproduktioun zu Lëtzebuerg?

Back to Top
CIM LOGO