
Fir ze wëssen, wéini de Santa wou mat sengem Schlitt ënnerwee ass, kréien d’Kanner an den USA zanter bal 68 Joer schonn d’Hëllef vun der US-Loftraumiwwerwaachung.
Dëst Joer op Hellegowend hu sech souguer den US-President Joe Biden an d’First Lady Jill Biden un der Aktioun bedeelegt an hunn Uriff vu Kanner a Familljen entgéint geholl, déi wësse wollten, wou de Santa grad drun ass.
D’Aktioun gouf am Joer 1955 gebuer, ma éischter aus engem Mëssel. Deemools war an enger Zeitungsannonce ongewollt net d’Nummer vum Santa Clause ugi ginn, ma déi vun der US-Loftofwier. Fir d’Kanner net ze enttäuschen, huet den deemolege Kommandeur seng Mataarbechter ugewisen, de Santa Clause op hirem Radar ze suivéieren an d’Kanner esou op dem Lafenden ze halen.