RaumfaartUS-Privatfirma wëll um Mound landen

RTL Lëtzebuerg
Eng weider amerikanesch Privatentreprise wëll e Mëttwoch a Richtung Mound starten.
POOL/AFP/ANDREW CABALLERO-REYNOLDS
POOL/AFP/ANDREW CABALLERO-REYNOLDS

Den onbemannte Lander Nova-C, genannt “Odysseus”, vun der texanescher Firma Intuitive Machines sollt um 00.57 (lokal Zäit) zu Cape Canaveral mat enger SpaceX-Rakéit starten an den 22. Februar um Mound opsetzen. Allerdéngs gouf de Start elo op en Donneschdeg um 1.05 Auer (lokal Zäit) verréckelt.

Wann dës Missioun gléckt, wier et déi éischt US-Moundlandung zanter dem Appollo-Programm an iwwer méi wéi 50 Joer. Weider wier et déi éischt Moundlandung vun enger privater Entreprise. Am Januar war déi amerikanesch Firma Astrorobotic dru gescheitert. Wéinst engem Lach am Tank misst sech de Lander vun deemools selwer zerstéieren.

Mat an der Rakéit sinn och Miess-Instrumenter vun der US-Agence Nasa.

© AFP/Gal ROMA, Valentina BRESCHI

Back to Top
CIM LOGO