Resultat vun ËmfroVéier Prozent vun den Däitsche si Vegetarier, ee Prozent Veganer  

RTL Lëtzebuerg
Bal d’Hallschent vun de Befrote bewäerten hir Iessgewunnechten als éischter, oder souguer ganz gesond, sou d'Resultat vun der Etüd.
© AFP

Den Trend, sech vegetaresch oder vegan z’ernären, ass an de leschte Joren däitlech geklommen, ma d’Statistike weisen, dass just 4 Prozent vun der däitscher Bevëlkerung vegetaresch, an ee Prozent vegan liewen.

Tëscht September an November 2024 gouf eng Ëmfro iwwer Iessgewunnechte bei méi wéi 3.000 Awunner am Alter vun 18 bis 80 Joer duerchgefouert. Dovunner konsuméieren zwee Drëttel souwuel planzlech wéi och Déiereprodukter. Ee Véierel vun de Befrote beschreiwe sech selwer als Flexitarier, wat bedeit, dass si maximal zweemol d’Woch Fleesch iessen.

Ëm déi 80 Prozent vun deenen, déi planzlech- a Déiereprodukter konsuméieren, ginn un, dass si sech zanter op d’mannst 10 Joer esou ernären. Ronn 20 Prozent vun de Veganer liewen och zanter 10 Joer ouni Déiereprodukter.

Bal d’Hallschent vun de Befrote bewäerten hir Iessgewunnechten als éischter, oder souguer ganz gesond, sou d’Resultat vun der Etüd vum Max Rubner-Institut (Bundesforschungsinstitut für Ernährung und Lebensmittel). Dogéint schéngen awer 12 Prozent, hiren Ernärungsstil éischter net, oder guer net gesond ze fannen. Dës Leit hunn dacks gesot, dass si ze mann Uebst a Geméis, ma vill Fleesch, Fäerdeg-Produkter a Séisses iessen.

Uebst a Geméis gi vu ronn engem Drëttel, also 35 Prozent, vun de Befroten all Dag giess. Den DGE (Deutsche Gesellschaft für Ernährung) recommandéiert op d’mannst fënnef Portiounen Uebst a Geméis all Dag.

Back to Top
CIM LOGO