
Den 2. Oktober um 9.02 Auer ass dat klengt Jovana am Verbundkrankenhaus Bernkastel/Wittlich op d’Welt komm, mat 3.430 Gramm an 53 Zentimeter. Der Mamm an dem Kand geet et gutt an de Papp freet sech natierlech op iwwert säin éischt Kand.
An der Gebuertsklinik ass een houfreg, an de leschte Jore konstant Gebuertszuelen am Dausenderberäich virweisen ze kënnen. Dat géing weisen, dass si net just hir Aarbecht guttmaachen, ma et och an der Ekipp gutt ofleeft. Teamgeescht an eng gutt Zesummenaarbecht wier bei all eenzelen Acteur grouss geschriwwen, sou d’stellvertriedend Statiounscheffin Lena Weiler.