
D’Reputatioun vum bekannte franséische Schauspiller hëlt ëmmer méi of. Déi franséisch Kulturministesch Rima Abdul Malak huet e Freideg d’Verhale vum Gérard Depardieux géigeniwwer Fraen als eng “Schan fir Frankräich” bezeechent. Haart Wierder fir den Acteur, dee fréier sou gefeiert gouf a laang un der Spëtzt vun der franséischer Filmwelt stoung.
“Seng absolut schockéierend Kommentare loossen et net méi zou, dass mir hie feieren”, sou d’Ministerin am Kader vun engem kierzlech diffuséierten Documentaire, dee ganz däitlech dem Depardieu säi respektloost a sexistescht Verhale géigeniwwer Fraen ënnersträiche géif.
De Schauspiller gëtt dëse Mount, also de 27. Dezember 75 Joer al. Dëst réckelt allerdéngs am Kader vun de ville Virwërf vu sexuellen Iwwergrëffer an engem lafende Prozess wéinst Vergewaltegung an den Hannergrond an et ass roueg ëm den Depardieu ginn. “Ech hunn net den Androck, wéi wann hien am Moment vill Opträg kritt”, sou nach d’Kulturministerin.
Am genannten Dokumentarfilm ass de Gérard Depardieu ze gesinn, wéi hie wärend enger Rees duerch Nordkorea eng ganz Partie vulgär Kommentare mécht, déi eng jonk Dolmetscherin da soll iwwersetzen, eppes dat hir sichtlech schwéier fält deels ze maachen. Ënnert anerem seet hien do:"Ech weien 124 Kilo, mat Erektioun 126.” Iwwert e ronn 10 Joer aalt Meedchen op engem Päerd seet hie komplett ongenéiert:"Wann et galoppéiert, da kritt et en Orgasmus”.
An de leschte Wochen huet d’Schauspillerin Hélène Darras eng Plainte géint den Depardieu wéinst sexuellen Iwwergrëffer bei Filmaarbechten aus dem Joer 2007 gemaach. D’Schauspillerin Charlotte Arnould huet dëst schonn am Joer 2018 gemaach, dat wéinst Vergewaltegung. Den Depardieu weist all d’Virwërf awer vu sech an erkläert, d’Charlotte Arnould hätt dëst op fräiwëlleger Basis mat him gemaach. Eng gutt Dose weider Frae geheien dem Depardieu an de Medie sexuell Iwwergrëffer vir, ma hu bis ewell awer nach keng Plainte agereecht.
“An der franséischer Kinoswelt war dat problematescht Verhale vum Gérard Depardieu bekannt”, sou de Chef vun der Produzente-Gewerkschaft, de Marc Missionnier, am Documentaire.
De Schauspiller huet mat de bekanntste Regisseuren a Schauspiller/Schauspillerinnen a Frankräich zesummegeschafft a kënnt am Ganzen op wäit iwwer 200 gedréite Filmer.