
Nëmmen eng Stonn nodeems de Post vun der Koppel erauskoum, krut e scho wäit iwwer 10 Millioune Likes. Vu Fans gouf de Bäitrag iwwer eng Millioun emol gedeelt. En neien Instagram-Rekord, dee bis dohin de Lionel Messi hat mat sengem WM-Post am Dezember 2022.
Ma et ass net deen éischte Rekord, deen d’Koppel erreecht huet. Mat engem Podcast vum Travis Kelce, wou d’Sängerin och ze héiere war, hu si carrement de Guinness-Weltrekord opgestallt mat de meeschte gläichzäitegen Opriff fir e Podcast op YouTube.
Rumeure soen, si wieren do scho verloobt gewiescht. Engem Mediebericht op Page Six no soll de Kelce senger Dramfra scho “viru Wochen” déi grouss Fro gestallt hunn. De Post e Mëttwoch op Instagram wier net just geplangt gewiescht, mä och nach gutt iwwerluecht a preparéiert.
D’Fans goufen op alle Fall komplett iwwerrascht. Keen Hiwäis, kee Countdown an och keng Ukënnegung am Virfeld. Ob et scho Pläng ginn, wou a wéini d’Hochzäit ass, ass nach net bekannt.