Earth Hour 2024Verschidde weltbekannte Gebaier verschleiere sech am Däischteren

RTL Lëtzebuerg
Um 20.30 Auer Lokalzäit hunn op ville Plazen op der Welt e Samschdeg bekannt Gebaier hir Luuchten ausgemaach.

Dat am Kader vun der “Earth Hour”, déi vum australeschen Naturschützer Andy Ridley zesumme mat WWF an d’Liewe geruff gouf. Zanter 2007 gi Länner an Institutiounen opgeruff, wärend enger Stonn am Joer, dat den 23. Mäerz um 20.30 Auer, hir Luuchten auszemaachen an esou eisem Planéit symbolesch ze hëllefen.

Zil ass et awer net just, fir “d’Luuchten auszemaachen”, mä dëst soll symbolesch dofir stoen, datt ee sech mat eppes fir eise Planéit Positivem, egal wat et ass, soll beschäftegen.

D’Earth Hour stoung dëst Joer ënnert dem Motto “Klima schützen, Demokratie stäerken”. De Motto soll nach eng Kéier verdäitlechen, datt de WWF sech dermadder fir eng klimagerecht Gesellschaft wëll asetzen, e méi ambitionéierte Klimaschutz fuerdert an op staark Demokratie setzt. Well, esou schreift d’Ëmweltschutzorganisatioun op hirer däitscher Säit, sech net just “dat meteorologescht Klima, mä och dat politescht Thema [...] verännert huet”.

Back to Top
CIM LOGO