
Mat neie Rekorder am September ass wéinst der globaler Erwiermung all puer Joer ze rechnen, mä dee grousse Sprong no uewen, wéi dëst Joer, ass och fir déi etabléiert Klimamodeller aussergewéinlech.
Hei zu Lëtzebuerg ass eng Rekordmoyenne fir de September vu 17,6 Grad um Findel gemooss ginn. D’Moyenne an de Joren 1991 bis 2020 louch iwwer 3 Grad méi niddreg,bei 14,3 Grad.
Klimafuerscher sichen deemno no enger zousätzlecher Erklärung an am probabelsten ass d’Verbesserung vun der Loftqualitéit. Eng propper Loft suergt fir eng Erwiermung.D’Emissioune vun der Welt-Schëfffaart kéinte Schold sinn un de Rekordtemperaturen. An de leschten dräi Joer si wéinst neie Reegelen d’Emissioune vu Schwiefel-Verbindunge vun der Schëfffaart ëm 80 Prozent erof gaangen. Déi Emissioune maachen awer och Wolleken, déi d’Sonneliicht reflektéieren, déi d’Erwiermung bremsen.
Datt propper Loft d’Klimaerwiermung undreiwe kann, gouf schonn e puer Mol nogewisen.