Manner OffallWat haalt Dir vum "feste Stopp" op de Plastiksfläschen?

RTL Lëtzebuerg
D'Fläschen aus Plastik hu vill Avantagen ma och verschidden Desavantagen. Eng nei, kleng Ännerung soll fir manner Offall suergen.

Et huet alles seng Vir- an Nodeeler sou och Plastiksfläschen. Se zerbriechen net, et kann ee se iwwerall mathuelen an et ass kee Vidange drop, mä dofir gëtt d’Fläsch no engem Gebrauch ewechgeheit.

Ma bei ëmmer méi Plastiksfläschen ass de Stopp elo un der Fläsch fixéiert. Sou soll garantéiert ginn, dass de Stopp ka mat recycléiert ginn. Wéi ass Är Meenung zu de Fläschen aus Plastik an dëser neier EU-Reegel?

Méi Detailer zu dësem Thema gëtt et och den Owend am Magazin op RTL Télé.

Back to Top
CIM LOGO