Cool duerch de SummerWéi ee richteg mat der Hëtzt ëmgeet

RTL Lëtzebuerg
Wann d'Sonn brennt an d'Temperaturen op iwwer 30 Grad klammen, kënnt een net nëmmen un d'Schweessen, mee och de Kreeslaf ass gefuerdert.
© RTL

Fir déi eng bedeit d’Summerzäit eng relax Auszäit op der Terrass, fir déi aner ass et eng kierperlech Erausfuerderung. Déi nächst Deeg sollen d’Temperaturen am Grand-Duché nees op iwwer 30 Grad Celsius klammen. Fir Ufank der Woch gi 35 Grad Celsius gemellt.

D’Hëtzt ka midd maachen, d’Konzentratioun beaflossen a souguer geféierlech ginn. Mä mat e puer Tipps a gesonde Gewunnechte kënnt ee ganz gutt duerch déi waarm Deeg.

25/06/2025 Tipps géint d’Hëtzt 14h10 C.Spithoven

De wichtegste Reflex bei héijen Temperaturen ass: vill drénken, mee net op eemol. De Kierper brauch konstant Flëssegkeet, am beschten duerch Waasser oder wotlechen Téi. Klenge Schluppen iwwer den Dag verdeelt, si vill besser, wéi e Glas am Zuch eidel ze maachen. Fir de Goût ze variéieren, kann een och Uebst an d’Waasser maachen, oder Peffermënz. Uebst a Geméis mat héijem Waassergehalt, wéi Waassermeloun, Äerdbier oder Kornischongen – versuergen eis mat Flëssegkeet, ouni et ze mierken.

Wat d’Kleedung ugeet, zielt virun allem lëfteg a liicht. En enken T-Shirt aus Synthetic hält d’Hëtzt just op der Haut. Dofir sollt ee léiwer zu helle Faarwen a liichte Stoffer wéi Kotteng oder Lénge gräifen. Eng Kappbedeckung a Sonnebrëll sinn net just Accessoiren, mä protegéiere viru Sonnestéch a Liichtreflexioun. E klengt, fiicht Duch am Genéck kann ënnerwee fir kuerz Ofkillung suergen.

Och doheem kann ee vill maachen, fir d’Temperatur niddreg ze halen. Moies fréi an owes ass lëften ugesot, an duerno: Fënsteren zou an d’Rolllueden erof. E Ventilator kann d’Loft a Beweegung bréngen, wann een e Glas mat Äis oder en naasst Duch virdru stellt oder hänkt, ass dësen nach méi effizient.

A beim Iessen heescht et: manner ass méi. Schwéier a fettegt Iesse belaascht de Mo an domat och de Kreeslaf. Zaloten, kal Zoppen oder e Stéck Meloun mat Feta maachen däitlech manner midd, wéi eng waarm Moolzecht an der Mëttesstonn.

Soubal een e Fouss virun d’Hausdier setzt, soll ee sech bewosst sinn, dass och am Auto oder am Bus d’Hëtzt séier zur Gefor ka ginn. Sonnecrème mat héijem UV-Faktor, eng Kap oder e Prabbeli a genuch Gedrénks sollen dofir ëmmer dobäi sinn. Op kee Fall dierfen Déieren oder Kanner eleng am Auto gelooss ginn – och net fir fënnef Minutten. D’Temperatur klëmmt dobannen an e puer Minutten op liewensgeféierlech Wäerter.

© RTL

Mee och wann een all Virsiichtsmoossname respektéiert, kann et virkommen, dass de Kierper net méi matspillt. Schwindel, Kappwéi, Iwwelzegkeet oder Middegkeet si kloer Warnzeechen. An deem Fall gëllt: direkt eng Paus maachen, aus der Sonn an an e kille Raum goen, Waasser drénken an, wann et méiglech ass, d’Been héich leeën. Ofkillung duerch e fiicht Duch op den Handgelenker oder op der Stier ka séier Entlaaschtung bréngen. Bleift de Kierper weiderhi belaascht oder kënnt Féiwer dobäi, soll een net zécken a medezinesch Hëllef sichen – besonnesch bei eelere Leit oder chronesch kranke Leit.

Reegelméisseg soll een och no elengstoenden, eelere Leit am eegenen Ëmfeld kucken. Et soll opgepasst ginn, dass si genuch Waasser hunn an och genuch drénken.

Souwuel am Alldag wéi och an der Fräizäit gëllt: Pausen an Zäitmanagement si wichteg. Sportaktivitéite solle besser moies oder owes gemaach ginn, wann d’Temperaturen nach net oder net méi esou héich sinn. Eng kleng Siesta mëttes am Schied oder an engem gelëfte Raum ka Wonner bewierken.

Och Nuets kann d’Hëtzt ze schafe maachen. Dofir soll een op Bettwäsch aus Kotteng zeréckgräifen. Mat oppener Fënster schlofen oder e Ventilator op klenger Stuf lafe loossen, kann hëllefen. Eng wotlech Dusch virum Schlofen hëlleft dem Kierper, sech ze entspanen.

Vergiesst zum Schluss net eis Déieren: och si leiden ënner der Hëtzt. Genuch frëscht Waasser, Spadséiergäng just moies oder owes an ëmmer genuch Schied si wichteg. Eis Frënn op véier Patte kënnen net soen, wa se sech onwuel fillen.

Am Resumé

  • vill drénken (wotlech besser wéi kal)
  • a gekillte Raim oder am Schied ophalen
  • liicht Kleedung
  • net ze defteg Iessen
  • Sport moies oder owes / keng kierperlech ustrengend Aktivitéite wärend de wäermste Stonne maachen
  • Äis oder kaalt Duch viru Ventilator
  • Temperatur vun der Klimaanlag op 22 Grad
  • wotlech Duschen
  • Sonnecrème, Hutt oder Kap a Sonnebrëll net vergiessen
  • Kanner an Déieren net am Auto loossen!
  • Reegelméisseg no elengstoenden, eelere Leit an Ärem Ëmfeld kucken. Drop oppassen, dass si genuch Waasser hunn an och genuch drénken

Mat e bësse Virsiicht a bewosstem Ëmgang kënnt een och duerch déi waarm Summerdeeg. Gesond, entspaant a virun allem gutt frësch.

D’Schreiwes vum Gouvernement fannt Dir hei.

© Gesondheetsministère

D’Wiederprevisioune fir déi nächst Deeg

Back to Top
CIM LOGO