
D’Autoritéiten haten direkt nom Virfall erkläert, datt de Fliger vun der Fluchgesellschaft Copa, dee vu Panama-Stad a Richtung Tampa am US-Bundesstaat Florida ënnerwee war, wéinst enger “Bommemenace” ëmgedréint wier.
No der Landung gouf de Fliger isoléiert an d’Passagéier evakuéiert. Duerno hu Spezialunitéite vun der Police d’Maschinn ënnersicht a festgestallt, datt et sech beim verdächtege Pak net ëm eng Bomm, ma ëm eng Wëndel fir Erwuessener gehandelt huet, déi an eng schwaarz Tut agewéckelt war, sou de Chef vun der Fluchhafesécherheet José Castro.