ËmfroWien dierf un Ären Handy?

RTL Lëtzebuerg
Enger Ëmfro aus Däitschland no loossen 38 Prozent vun de Leit, déi an enger Bezéiung liewen, hire Partner un hiren Handy.
© Shutterstock

E bësse méi wéi all Drëtte léisst also de Partner oder d’Partnerin den Handy mol notzen. Bei de Männer sinn et 35 Prozent vun de Befroten, bei de Fraen 41 Prozent. Fir ganzer 34 Prozent geet dat awer guer net.

Déi eege Kanner kréien den Handy da méi seelen. Dat loosse just 27 Prozent vun de Befroten zou, Frënn kréien d’Gerät bei all véierter Persoun emol an de Grapp, d’Eltere just vun all Fënneftem. 10 Prozent vun de Leit soen dann, datt den eegenen Handy en Tabu fir aner Persounen ass.

Dat geet aus enger Ëmfro vu Bitkom Research ervir, déi dofir ronn 1.000 Persounen am Alter vun iwwer 16 Joer per Telefon befrot huet.

Back to Top
CIM LOGO